Change Edition

JOURNEES DU PATRIMOINE - Samschdeg 21. September 2019 um Fëschmaart

JOURNEES DU PATRIMOINE 21. SEPTEMBER 2019


D’Méchelskierch zu Lëtzebuerg, am Häerz vun onser Alstad, net weit ewech vum Bock, e Spronk weit ewech vun der deemooleger Grofebuerg vu Lëtzebuerg, geet op d’Zäit vum Grof Siegfrid zeréck. De Grof Siegfrid huet 987 zwou Kapelle baue gelooss. Déi bannenzegt de Mauere vun der Buerg wor d’Schlasskapell. Déi aner ausserhalb der Buerg, déi dem hellegen Erléiser geweit wor, wor fir d’Leit aus der Ëmgéigend vun der Buerg.


Geschichtlech an architektonesch ass d’Méchelskierch no méi wéi 1000 Joer turbulenter Geschicht (Bombardementer, Feier, Ëmbauten, Restaurations-aarbechten asw.), e bedeitend historescht Monument vun onser Stad.


Am Kader vun de « JOURNÉES DU PATRIMOINE 2019 » invitéiert iech de Comité Alstad samschdes, den 21. September 2019 vu muerjes 10:00 Auer bis nomettes 17:00 Auer op e Besuch vun der Méchelskierch um Fëschmaart.


Programm :


10:00 Auer Féierung duerch d’Méchelskierch mam Historiker, dem Här Alex Langini


11:30 Auer Présentatioun vum restauréierten Auerwierk vum Här Georges Jungblut


14:00 Auer Féierung duerch d’Méchelskierch mam Här André Haagen


15:30 Auer Présentatioun vum restauréierten Auerwierk vum Här Georges Jungblut


16:00 Auer Féierung duerch d’ Méchelskierch mam Här André Haagen


De ganzen Dag iwwer : - Présentatioun vum Film “Anno Domini 987 – Méchelskierch um Fëschmaart” - Power-Point-Présentatioun iwwert d’Restauratioun vum Auerwierk aus dem Tuerm vun der Méchelskierch.


Mir freeën ons, op äre iech an der Méchelskierch um Fëschmaart begréissen ze kënnen.