Change Edition

Feierstonn beim Comité Alstad

Lëtzebuerg. Am Kader vun enger Feierstonn konnt d’Madamm Anne Bous am Numm vun der Fondatioun du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse dausend Euro aus den Hänn vum Guy Jourdain, dem Präsident vum Comité Alstad entgéint huelen. Et handelt sech em den Erléis vun engem Benefizkonzär, deen d’Militärmusek a Presenz vun de Groussherzogen Jean an Henri an der Méchelskierch um Fëschmaart am Januar 2019 gespillt huet. An dëser Zomme ass och den Erléis vum Verkaf vun engem Platto mam Lëtzebuerger Léif an am Hannergrond de groussherzogleche Palais vum Jacques Schneider. De Platto ass geduecht als Hommage un den 100. Gebuertsdag vum verstuerwenen Groussherzog Jean an den 20. Joresdag vun der Throunbesteigung vum Groussherzog Henri. D’Fondatioun finanzéiert ënner anerem den Transport vun Kanner, déi therapeutesch behandelt musse ginn an ënnerstëtzt finanziell studéiernd Allengerzéier/erzéierinnen.

Dernieft konnten de President Jean-Louis Zeyen an d’Madamm Simone Goerens vun Fairtrade Lëtzebuerg sech iwwert e Chèque vu 500 Euro freeën. Et ass den Erléis vum Verkaf vun engem Set mat 2 Espressostasen an engem 1/2 Pond fair gehandelte Kaffi. Zesummen mat der Fondatioun du Grand-Duc et de la Grand-Duchesse wëll Fairtrade Lëtzebuerg fair gehandelten Kaffi aus dem Nicaragua an de Verkaf bréngen.

Och goufen d’Laureaten vum Pëckvillerchersconcours geéiert. Den 1. an den 2. Präis goungen un d’Madamm Sandra Carla Faia da Silva Pereira aus Useldeng, den 3. Präis un den Usch Biver aus Nouspelt. Bei dëser Geleeënheet gouf bekannt, datt de Wirtschaftsministère d’Laureaten fir e puer Deeg op d’Weltausstellung no Dubai schéckt, fir do d’Aulebäckerkonscht virzestellen.

Bei der selwechter Geleeënheet huet d’Madamm Valérie Cherin dem Comité Alstad hiert Konschtwierk „Le Cercle“ geschenkt. Domadder well si dem Comité Merci soen fir den Asaz ëm d’Eimaischen. Pierre Mousel via mywort