Change Edition

“ Dag vun der oppener Dier“ beim Comité Alstad um Fëschmaart

“ Dag vun der oppener Dier“ beim Comité Alstad um Fëschmaart

e Samschdeg 21. September 2019 vun 10:00 bis 17:00 Auer


Am Joer 1937 gouf de Comité Alstad an d’Liewe geruff. De Comité Alstad hat awer ni eng fest Bleif. Eng Réunioun gouf deemols vum Georges Schmitt aberuff. Hien huet jidderengem ugeruff, a si hunn sech den Dag drop am Café “Ënnert de Steiler” getraff fir hir Réunioun.


Wéi mir dunn de Comité Alstad 1981 iwwerholl hunn, hu mir et och esou gemach. Zwee Joer méi spéit, op der N° 1 um Boulevard Royal, de 16. Dezember 1983 konnt den éischte Sëtz vum Comité Alstad ageweit ginn. Do wore mer bis 1993. D’Stad Lëtzebuerg huet d’Haus verkaf, an de Comité Alstad hat ërem op en neits keen Heem. Mat der Hëllef vum deemolege Kulturminister Robert Krieps si mer 1994 op N°1 an d’Logegaass geplënnert an d’ Konschthaus Beim Engel. An hei wore mer bis 2018.


Elo si mer am fréiere Paschtoueschhaus vu Sankt Méchel zesumme mat den Amis des Musées, dem Cercle Artistique de Luxembourg, der Chorale St. Michel an der Confrérie St-Michel. Vun dëser Plaz aus der Stad Lëzuebuerg e ganz grousse Merci.


Mir freeën ons, all ons Frënn, Ënnertëtzer awer och jiddereen deen un onsen aktivitéiten intresséiert ass, an onsem neie Siège am fréiere Paschtoueschhaus vun Dominikaner wëllkomm heeschen ze kënnen. Kommt ons Kollektioune ukucken. Mir kënnen iech och hëllefen, wa vläicht dat eent oder anert Stéck an ärer Kollektioun feelt. Dir kënnt och an onsem Fotoarchiv bliederen, an nach villes méi.