Change Edition

D'Sektioun Bartreng vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga huet spendéiert.

D'Lëtzebuerger Déiereschutzliga, Sektioun Bartreng, huet mat engem Deel vun den Recetten, déi op verschiddenen Manifestatiounen erakomm sin, z.B. Soirée de Bienfaisance, Verkaf vun selwergebakenen Muppekichelcher a Wäffelcher, dem Déierenasyl Gaasperech en Apparat fir Zännbehandlung an Zännsanéierung fir d'Déieren gespent. Eng Associatioun am Frankräich, ADADA, déi een Gnadenhaff fir Ieselen (max.350) huet, huet och ee Scheck iwerreecht kritt. Domadder iwwerhëlt d'Sektioun Bartreng een Deel vun de Fraisen, déi ufalen.