Change Edition

D'sechst Schouljore vun Ierpeldeng/Sauer op Besuch am Parlament

Viru kuerzem waren 22 Schüler aus dem 6. Schouljoer vun Ierpeldeng/Sauer op Besuch an der Chamber. Si goufe vum Deputéierten André Bauler empfaang a waren a Begleedung vun hire Schoulmeeschteren an hirer Léierin.

D’Schüler hu vill Froe gestallt. Wat sinn d’Aufgabe vum Parlament? Wéi kann een sech an d’Chamber stëmme loossen? Wéi laang däerf een Deputéierten am Plenum schwätzen?

Déi Jonk kruten och d’Technik hannert de Kulissen an d’Reuniounssäll gewisen. Alles an allem eng léierräich Begéinung fir jiddereen.