Change Edition

Begéignungsowend mat de Massendénger- Responsabel

Dënschdeg, 11. Dezember 2018:

Reegelméisseg setzen d’Massendéngerresponsabel sech fir d’Massendénger an hirer Par an. Den Här Äerzbëschof hat si duerfir zesumme mat der ganzer Equipe Lëtzebuerger Massendénger fir Äre wäertvollen Asaz op eng Receptioun an d’Bëschofshaus agelueden.
Aus allen Dekanater si Massendéngerresponsabel der Aluedung nogaangen an hu sech zesummen am Bëschofshaus afonnt. Bei engem gudde Pättchen an engem gudde Maufel gouf zesumme gepotert an iwwer d’Massendéngeraarbecht an den Dekanater an och doriwwer eraus ausgetosch. Den Här Äerzbëschof huet ee grousse waarme Merci fir all Engagementer ausgeschwat. Déi aktuell geplangten Aktivitéite fir a mat de Massendénger aus eiser Äerzdiözese goufen och virgestallt.
No deem gelongenen Owend huet eisen Här Äerzbëschof direkt entscheet, datt dëse Begéignungsowend elo ee feste Rendez-vous am Advent gi soll.


Homepage: massendenger.cathol.lu
Kontakt: massendenger cathol.lu


Fotoen: Goedert Raymond, Konsbrück Tanja, Marques Fernandes Maria, Neissen Tom, Pierrard Nicole