Change Edition

Lafe fir e gudden Zweck

06
Jul
2019
06 Jul

All motivéiert Leefer, Nordic Walkers, Hondsfrënn a Naturfrënn kënnen sech fir eise ‘Korogocho Run’ umellen deen de 6. Juli um 11 Auer am Bouneweger Bësch stattfend.  Et kann ee fir 5 oder 12 km lafe fir e Startgeld vun 10 respektiv 15 Euro. 

No der Course ass eng Party wou mer gratis Yoga Coursen a live Musek ubidden. Duerno gëtt gegrillt.

Den Erléis ass fir déi Jugendlech vu Korogocho, engem Äermevéierel vun Nairobi. Hei réaliséiert d’ONG Coopération Nord-Sud zesumme mat enger Partnerorganisatioun Formatiounen fir datt déi Jonk Leit hier Rechter kenne kenneléieren.

Mellt Iech un, jiddereen ass wëllkomm!

Aschreiwen op: www.korogocho.run

Besicht eis op FB: Korogocho Run