Change Edition

Choraoke

10
Jan
2019
10 Jan 14 Feb 05 Mar 02 Apr 07 May 04 Jun 02 Jul

Du sengs gären, mee traus dech net eleng viru Publikum ze sangen? Dann ass dat hei genau dat Richtegt fir dech!

Am Choraoke geet et drëms, zesummen ze sangen! Mat live Museker sang dir populär Lidder, déi jidderee kennt vun den 80er bis haut. Spaass ass garantéiert! D’Event ass reegelméisseg ee mol de Mount am Café „De Gudde Wëllen“. D’Konzept ass ideal fir Jiddereen, dee gäre séngt, an zesumme sange mécht virun allem vill Freed.


Museker:

Andy Loor (Konzeptioun/Animatioun/Gesang), Lynn Berchem (Animatioun/Gesang), Bob Minette (Drums/Animatioun), Claude Zeimes (Piano), Tom Heck (Bass/Gitar)


Wou?: Café De Gudde Wëllen

Datum: Donneschdes, 10. Januar 2019

Auerzäit: 19h00

Dauer: +/- 60 Minutten

Entrée: gratis


INECC - Institut Européen de Chant Choral, De Gudde Wëllen

Mat der Ënnerstëtzung vun: Ville de Luxembourg, Ministère de la culture