Change Edition

Buergbrennen 2013: D'Luerenzweiler Scouten hu gewonn...

... an domadde kréie si de Bong am Wäert vun 200 Euro, mat deem se fir hiert nächst Fest Grillfleesch kënne kafe goen an esou d'Veräinskeess entlaaschten.

mywort.lu hat en Opruff un all d'Veräiner gemaach, de „Making of“, souwéi d'Buergbrenne selwer an Text, Fotoen oder souguer engem Video op der Matmaachplattform ze dokumentéieren. Iwwer 45 eenzel Publikatioune goufen an de leschten Deeg eropgelueden. Si hunn et der Redaktioun net einfach gemaach fir de Gewënner erauszesichen.

Di eng Veräiner hunn all Dag eng Etapp vum Opriichten an enger Billerstreck festgehalen, anerer e youTube-Video gemaach. mywort.lu huet sech fir déi Luerenzweiler Scouten entscheed, well een an hiren Artikelen besonnesch di gutt Stëmmung an der Ekipp ze gesi wor, zum aneren eis de flotten Zäitraffer-Video gutt gefall huet.

All Respekt och fir all di aner Veräiner, di an hirer Uertschaft all Joers op en neits vill leeschte fir hiert Buergbrennen ze stämmen a fläisseg op mywort.lu matgemaach hunn.

Denkt och drunn nees 2014 äert Buergbrennen, souwéi och all är aner Aktivitéiten a Fester op der Matmaachplattform unzekënnegen an duerno driwwer ze berichten. (hip)



* All Berichter, Fotoen a Videoe iwwert d'Buergbrennen fannt Dir op :

www.mywort.lu/buergbrennen