Change Edition

5. LOKALE MAART ZU LUERENZWEILER


Trotz deem ganz schlechte Wieder war de fënnefte " Lokale Maart " zu Luerenzweiler ganz gutt besicht !

Op 23 lokal a regional Stänn goufen selwer gemaachten, saisonal a regional Produkter , wéi, Hunneg, Gebeess , Sirop , Likör, Saumon , Schnëesposchen ,Eisekuchen, Wäffelcher , Kichelcher , Jelli, Paté a Villes méi verkaf. Et hat een eng flott Auswiel un Dekoratiounsartikel, Bijouen , Gebitztes , Gestrécktes , Geheekeltes , Gewieftes asw.

Fir Iessen a Gedrénks hunn déi lokal Veräiner gutt gesuergt.

Dat ganzt war organiséiert vum Klimateam Gemeng Luerenzweiler .