Change Edition

Scheckiwwerreeschung vum Erléis vum Wantermaart 2018 am LRSL

Och dëst Joer hunn d' Schüler a Professeren aus dem Lycée Robert-Schuman fläissegen Asatz um Wantermaart bewisen an esou de stolzen Erléis vun 4700€ erschafft.

D’Halschent hu si de 14. Februar 2019 dem Wonschstäer iwwerreecht – enger Fondatioun, déi bedürftegen oder kranke Leit hëlleft, sech en Häerzenswonsch ze erfëllen.Deen Don ass e Mini-Step zum Exosquelette, dat si wëllen uschafen, fir esou querschnittgelähmte Persounen erëm ze erméiglechen selbststänneg ze goen.

Déi aner Halschent fléisst an de Fonds social vum LRSL, fir bei de Voyages d’Etudes/Sportifs, déi vum Lycée organiséiert ginn, déi Schüler ze ënnerstëtzen, déi finanziell net esou gutt do stinn.