Change Edition

Maker Space am LRSL

E Méindeg, den 28. Januar 2019 huet de neien Maker Space vum LRSL seng Dieren op gemaach : all Méindes vun 14 Auer un kënnen vun elo un d’Schüler vun 7e bis 1re hei laanscht kommen fir elektronesch Apparater ze reparéieren, nei Saachen zesummen ze bastelen oder einfach e bëssen ze experimentéieren. Dat néidegt Material steet jidderengem zur Verfügung an eis Enseignanten aus der Chimie, der Physik an der Mathé hëllefen mat hirem Know How.