Change Edition

Den LRSL op de 25. Walfer Bicherdeeg

Fir déi 6. Kéier waren d’Schüler vum « Fënnef vir Zwou » aus dem Lycée Robert-Schuman dëst Joer op de Walfer Bicherdeeg am Asaz. Schonns en Donneschdeg um Bicherpräis war d' Schülerzeitung present, éier si e Freideg bei der Liesung vum Daniel Kehlmann deelgeholl hunn. De Weekend ware si dann « rasende Reporter » op de Bicherdeeg an hunn déi zwee offiziell Flyeren an Infoblieder vun den 25. Bicherdeeg ausgeschafft. Si haten Interviewen mam Premierminister Xavier Bëttel a mat der Kulturministesch Sam Tanson, a sinn och mat villen Auteuren an d’Gespréich komm.