Change Edition

RL Cours fir de Radio-Amateur Examen

01
Sep
2021
01 Sep

Den RL , Radioamateurs du Luxembourg , organiséiert och dëst Joer nees ee Cours fir de Radio-Amateur Examen.

De Cours op Lëtzebuergesch ass all Méindes an Donneschdes vun 19:00 bis 20:30 Auer. En ass fir all Altersklass a fänkt am September 2021 un.

De Cours ass am Lycée Technique du Centre um Lampertsbierg.

Den Examen vum ILR fir de "Certificat d'opérateur-amateur radio" gëtt am Januar/Februar 2022 ofgehalen.

Fir weider Informatiounen oder fir sech an de nächste Cours anzeschreiwen, kontaktéiert w.e.g. den Responsabelen vum Cours:
LX1MA Armand Erpelding
exam@rl.lu