Change Edition

De "Choir Factory" an d'Jazz Band vun der Clierfer Musikschoul op der Bühn

Ënnert dem Patronat vun der Clierfer Gemeng, an der Zesummenarbecht mat der Léiler Musik war dëst een erfollegräichen Optrëtt vum "Choir Factory" an der Jazz Band vun der Clierfer Musiksschoul, dat ganzt am Kader vum " de Klenge Maarnicher Festival" am Centre Culturel zu Léiler. Um Programm waren Wierker aus de fënnef leschte Joeren vun: The Beatles, Queen, Adèle, Pentatonix a mat vill anere Lidder virgedroe ginn. De "Choir Factory" ass e Gesangsworkshop aus Pop/Rock, Jazz, Swing oder Gospel bis hin zu Musicals, fir jiddereen de gär am Grupp matsengt.

Dëse Workshop get geleet Annick Hermann a Michael Schneider vun der Clierfer Musiksschoul a fënnt jeweils vu September - Dezember an vu Januar-Abrëll statt, a get mat engem Gesangsoptrëtt ofgeschloss.