Change Edition

Nanzeg - eng Visite vun den Fraen a Mammen

Och an der Summerzäit sin d'Fraen a Mammen vun Leideleng ënnerwee : leschten Samsten stung eng Visite vun Nanzeg um Programm.

Moies huet den Grupp d'Alstaadt entdeckt mat engem Parcours iwwer d'Place Stanislas, de Palais des ducs de Lorraine, d'Basilique St Epvre an zreck duerch d'Pépinière de l'Intendance.

Duerno gouf et e Mëttegiessen am Restaurant Excelsior, deen ganz am Style Art Nouveau ass, mat engem typeschen Menu mat Quiche lorraine als Entrée, Rumsteak a Gromperen an duerno e Moelleux au chocolat.

Am Nomëtten huet eng Visite guidée jidfereen vun der Villa Majorelle begeeschtert : déi eenzel Art Nouveau Elementer goufen duerch d'Explikatiounen vun der Guidin ervirgehuewen an an hiren historischen an kulturellen Kontext gesat.

Wéi mëttes dunn d'Sonn ervir komm ass, war d'Geleegenheet perfekt fir en Patt op enger vun denen ville flotten Terrassen ze huelen.