Change Edition

Lyon - Fête des Lumières

En aussergewéinlechen Ausfluch haten d’Fraen a Mammen de leschten Weekend vum 9-11 Dezember geplangt. Et ass an eist Nopechland Frankräich gaangen, méi genee an d’Regioun vun Lyon mat als Highlight d’Visite vun der 17ten Editioun vun der Fête des Lumières.

Ugefaangen huet de Grupp vun 17 freides mat enger Visite vum Domaine Dobray an der passender Wäindegustatioun. Samstes ass et dunn weidergaangen mat enger Visite guidée vum Vieux Lyon, der Alstaadt vun der drëttgréisster Staadt vun Frankräich. Owes war et dunn endlech sou wäit : d’Visite vum Lyon nocturne an der Fête des Lumières, déi all Joers Milliounen Leit aus aller Welt unzitt. D’Fraen a Mammen konnten do an de Genoss vun dësem eemolegen Spektakel kommen. Iwwerzeecht Iech selwer mat den Fotoen hei niewendrun !

No enger zweeter Nuecht an engem flotten Hotel, ass den Ausfluch mat enger Visite vun Villefranche-sur-Saône op en Enn gaangen.