Change Edition

Kannerfuesbal zu Leideleng

Wéi all Joer op fetten Donneschten, war et och rem 2017 sou wäit: Kannerfuesbal zu Leideleng!
Vun no an wäit sin allerlee Boken den 23. Februar fir e puer Stonnen an de Veräinsbau "An der Eech" komm.

Et gouf fir Grouss a Kleng eppes gebueden : Musek, Animatiounen an déi beléiften Kannertombola, wou all Lous gewënnt, haten fir en Nomëtten mat vill Spill a Spaass gesuergt.

Fir den Gourmang ze stëllen huet et och net un Auswiel gefeelt. Et goufen net nëmmen verschidden Fueskichelcher, wéi sech dat an der geckeger Saison gehéiert, mee och schéin dekoréiert Muffins op déi besonneg déi kleng Gladdermailercher ewéi bänzeg waren.

Mir hoffen et huet iech all gefall an soen iech bis d'nächst Joer op Fetten Donneschten 2018 !