Change Edition

Porte Ouverte bei der Käercher Musek

Samschdes den 2. Juni am Schoulhaff virun der "Nuit du Sport" hutt Musek Intresséiert Jugendlecher dozou agelueden, Instrumenter erkläert ze kréien a si konnten och drop spillen. Mat der Ënnerstëtzung vu Musikanten hunn déi Intresséiert net gezeckt an direkt probéiert. Et war esou munchem Begeeschterung un ze gesinn. Dass wichteg der Jugend ze weisen dass et net nëmme Gittaren a Piano gëtt. Kanner sollen esou séier wei méiglech un een Instrument eru gefouert ginn, et ass dach méi flott an der Grupp ze spille wei eleng zweeche véier Maueren.

Zum Optakt vun der Nuit du Sport huet Käercher Musek ee puer Stécker zum beschte ginn.