Change Edition

Virun 30 Joer huet een Orkan vill Schued hannerlooss

An der Nuecht vum 28. Februar op den 1. Mäerz 1990 ass den Orkan "Wiebke" duerchgezun an huet enorme Schued hannerlooss.

Et war dee leschte vun enger ganzer Serie Stierm di am Wanter 1989/1990 iwwert eist Ländche gezu sin.

De Bilan war dramatesch.

Deemools krute mer prophezeit, dass dat an Zukunft d'Regel wier, dass mer elo regelméisseg mat esou Stierm misste rechnen...

Glécklecherweis huet dat sech awer falsch erwisen an an den 30 Joer duerno koum et kaum zu verglaichbare Stierm bei eis.