Change Edition

Krautwëschdag zu Kielen

Wéi all Joer hunn d‘Frënn vum Kielener Brennereimusée op Maria-Himmelfahrt de Wësch gemach. Niewt Feldfriichten a verschiddene Kräider, koumen och nach eng Muert an eng Ënn an de Wësch. Nodeems d‘Wënsch gebonne waren, goufe se an der Mass zu Kielen an der Kierch geseent an duerno dann un déi Leit verdeelt, déi ee bestallt haaten. Des aal Traditioun, déi mëttlerweil zum Unesco-Weltkulturierwen gehéiert, gëtt duerch des jährlech Initiative erhaalen.