Change Edition

Ëmmer erem flott, d'Brennereifest zu Kielen

Konscht an d’Konscht vum Brennen stoungen am Mëttelpunkt vum DistiArt zu Kielen de 14. Dezember.

Mat engem flotten Animatiounsprogramm hunn d’Frënn vum Brennerei Musée derfir gesuergt, dass et kengem langweileg ginn ass: Trompes de Chasse St Hubert, Fanfare Kielen an UTLAGAR hu flotte Spektakel gebueden.

An der Brennerei konnt een sech erkläre loossen, wéi eng gutt Williamsbierendrëpp gebrannt gëtt.

Vill intresséiert Läit hu sech op enger Visite guidée de Brennerei Musée weise gelooss.

Reen a Loft konnt een um Site vum Brennerei Musée, engem ale Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert, op e sëlleche Plazen aus de Féiss ginn an enger Rëtsch Kënschtler hier Kreatioune bewonneren.

Di jonk Designerin Corinne Schleich huet mat hirem Liedergezai an hiren Poschen de Public begeeschtert.

Fir de gudde Maufel an de Patt hunn d’Frënn vum Brennerei Musée gesuergt.