Change Edition

De Kleeschen an den Houseker um Adventsmaart zu Lënster

Och dëst Jar hat den Adventsmaart vu Lënster e grousse Succès ze verzeechnen. Vill Leit hate sech schon am spéide Muergen op der Plaz virum Kulturzentrum afonnt, fir déi vill Stänn ze besichtegen. E Geroch vu Gegrilltem, Chrëschtgebäck an natierlech Glühwäin loug an der Loft, deen natierlech zu deer richteger Stëmmung net däerf feelen. Vill Ëmsaz gouf et bei de Bude mat Kniddelen, Raclette, Thüringer, Mettwurscht, Eisekuchen, Kichelcher, Bamkuch an natierlech beim Gedrénks gemaach, wou den Téi an de Glühwäin déi éischte Plazen ageholl hunn. Honnerte vu Kanner hate sech afonnt, wéi de Kleeschen an den Houseker ukomm sinn. D'Schäffin Françoise Hetto-Gaasch huet de Kleeschen an den Houseker begréisst an hinnen un d'Häerz gelueget, net ze streng mat de Lënster Kanner ze sinn, well meeschtens wire si jo brav gewiescht. De Kleeschen hat och näischt Extraes a sengem Buch stoen an hien huet duerfir dem Françoise Hetto misse Recht ginn. Duerno hunn de Kleeschen an den Houseker de Kanner eng Tiitche ginn, déi d'Engelen erbäibruecht hunn. Dës flott Feier ass musikalësch encadréiert gi vun der Lënster Musek.