Change Edition

BRIXEMBOURG - Ausstellung und Börse LEGO

04
Jun
2022
04 Jun 05 Jun

Dëst Joer fënnt fir d ‘drëtte Kéier d'Ausstellung an d’ Bourse Brixembourg zum Thema LEGO am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglenster statt.


Wat bitt eisen Event?


Wéi gewinnt sinn iwwer 30 Aussteller a Verkeefer op bal 1.200 m2 ze gesinn. Eegen Landschaften a Modeller aus deenen klengen Plastik Steng, awer och eege Kollektiounen sinn ze gesinn. Fir Sammler an Bauer, ginn et souwuel eenzel Stécker, wei och Sets op der Bourse ze kafen. Donieft servéiert “d'Société du Chien de Police et de Garde Junglinster/Graulinster” all Zort vun Iessen an Drénken.


Wat ass dëst Joer speziell?


- Gewënnspill am Wäert vun iwwer 250 EUR

- Eventstein, Sammlerfigur speziell fir d’ Brixembourg 2022

- Weltpremière vun engem LEGO Ägypten Diorama mat e puer honnert Figuren

- Magazin Auteur a Gewënner vun der 1. LEGO Master Serie aus Frankräich, Sébastien Mauvais ass eise Gaascht


an villes, villes mei...