Change Edition

Paroisse St.Esprit Iewescht Syr - Schetzelfeier am Gréngewald

Paroisse St.Esprit-Iewescht Syr - Schetzelféier

Wéi all Joer war och dëst Joer den 12. August d’Par St.Esprit iewescht Syr fir déi 48. Kéier an de Gréngewald bei d’Grotte vum sélige Schetzel gepilgert. Op dëser roueger Plaz am Gréngewald huet sech de séilege Schetzel déi 14 lescht Joer vu sengem Liewen zerëckgezunn fir dem Härgott méi no ze sinn.

D’Mass ass gehale gin vum Här Nico Schartz, Paschtouer an

der Par St.Esprit iewescht Syr, et hu mat konzelebréiert,

déi Hären Léon Wagner, Guy Diederich a Georges Hoffmann.

D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert huet de musekaleschen Deel

iwerholl a guff vum Här Nico Klein begleed.

Zum Schluss huet den Här Generalvikar de Bëch geseent, an den

Här Jean Schiltz, 1 Schäffe vun der Gemeng Nidderaanven huet eng Ried gehalen. E grousse Merci gung un den Här Marcel Hoffmann deen dofir gesuecht huet datt alles op senger Platz war, un d’Chorale,

un d’Gemeng Nidderaanven fir de Bus an un de Fieschter, dem seng Léit, Sëtzplatzen an den Altor ernéiert hunn, nodem ee Baam alles zerstéiert hat.