Change Edition

D'Schoul Park Housen iwwerreecht e Scheck un d'Luxrollers

D'Schoul Parc Housen hat d'Luxrollers op Besuch. Si hunn Atelieren mat de Kanner gemaach fir hinnen ze weise wéi Sport am Rollstull fonctionéiert an sech ufillt.

D'Kanner ware begeeschtert a ganz intresséiert. Fir der ganzer Equipe Merci fir hiren Asaz ze soen huet d'Kannertheatergrupp "Den Holzwuerm-Parc Housen" e Scheck vu 500€ gemaach deen d'Julie an d'Laure stellvertriedend fir d'ganz Schoul iwerreecht hunn.