Change Edition

Fuersch duer um Naturparkfest!

04
Aug
04 Aug

Entdecken, fuerschen an erliewen - ënnert deem Motto steet och déi 8. Editioun vum Naturparkfest am Parc Housen, Sonndes, den 4. August vun 11:00 bis 18:00 Auer.

30 Workshops, déi ronderëm d'Auer zougänglech sinn animéiere virun allem Kanner a Familljen d'Charakteristike vun engem Naturpark a seng villfälteg Aarbechtsberäicher aktiv kennenzeléieren. Ee besonneschen Highlight ass déi impressionant an léierräich Science-Show vun de Physikanten & Co.


Déi Kleng kënnen um Naturparkfest net just een immens ofwiesslungsräichen Dag verbréngen, mee kréien och een Diplom fir hiert Matmaachen a gewanne mat bësse Chance och nach ee flotte Präis.

Kommt dëst Joer ganz bequem mat der gratis Busnavette vun der Kautebaacher Gare bis an de Parc Housen a genéisst een Event, deen sech zum Zil gesat huet esou nohalteg wéi méiglech ze sinn.


D'Entrée ass gratis!


Weider Informatioune ginn et op www.naturpark-our.lu an op der Facebook-Säit vum Naturpark Our.

Dësen Event gëtt vum Fonds national de la Recherche ënnerstëtzt.