Change Edition

GALA CONCERT TRAMSMUSEK

Galaconcert vun der Tramsmusek; absoluten Héichpunkt vun der Saison Der Tramsmusek hire Galaconcert, wéi gewinnt alljährlech den 30. Abrëll, war och dëst Joer nees musikalesch den absoluten Héichpunkt vun der Saison. Den Tramsmusée war bis op de leschte Stull besat wéi de Chef Armand MEIS de Concert ugewénkt huet mam "LUXTRAM Marsch" vum Patrick LUX; e Meeschterwierk wat geschriwwe gouf fir d'Tramsmusek fir d'Aweiung vum neien Tram a nëmmen am Tramsmusée original ze lauschteren ass - mat der Schell vun der Tram Motrice Nr. 26 vun 1938. Duerno gung et weider mat "Olympic Fire", "Crazy Music in the Air" iert de Solist vum Owend, de Trombonist Marc MEYERS fir d'éischt den Owend op der Bühn stoung mat "Blue Bells of Scotland". No "Dakota" a "Michael Bublé in Concert" koum eng kuerz Paus iert duerno d' "Fanfare Brillante" den 2. Deel ageleet huet. De Concert as weidergaang mat "En Aranjuez con tu Amor" mam Guy SCHREINER als Solist um Bugle iert dunn nees de Marc MEYERS d'Stéck "Typewriter" zesumme mat der Percussiounsequipe op der Schreiwmaschinn de begeeschterten Nolauschterer präsentéiert hunn. No "Kraken" stoungen du fir "Variations in Blue" d'Trombonisten Nico ASSEL, Aly SCHARTZ a Jeannot SCHOTT gemeinsam mam Solist vum Owend gemeinsam an der éischter Rei. Fir dee schéinen Owend auskléngen ze loossen koumen du nach schmasseg Téin mat "Oldies forever, wou de ganze Sall matgesongen huet! Als Zougab huet de Marc MEYERS "The Flight of the Bumble Bee" bruecht, wou hien mat séngem Instrument duerch de ganze Musée "geflunn" as an duerno haten d'Nolauschterer d'Éier nach eng Kéier den "original" LUXTRAM Marsch ze genéissen. No engem gesellege Patt sinn si alleguer zefridden heem gaang mam Verspriechen de nächsten 30. Abrëll nees bei d'Tramsmusek an den Tramsmusée op de Gala Concert ze kommen.