Change Edition

D'Schoulkanner vun Hollerech spenden 700.-€ un Fondatioun Kriibskrank Kanner

D' Schoulkanner vun Hollerech hunn am Laf vum 1. Trimester Kuch verkaaf an op hirem Wanterfest Bastelsaachen, Trüffen a Marzipan verkaaft.

Eng Vertriederin vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner ass an d'Schoul vun Hollerech gangen an huet de Kanner erkläert vir wat déi Sue gebraucht ginn, déi d'Kanner gesammelt hunn. An dësem Kontext hunn Kanner der Fondatioun Kriibskrank Kanner ee Scheck vun 700.-€ iwwerreecht.