Change Edition

HoGa's Scouts Expositioun

18
Sep
18 Sep 19 Sep 20 Sep 21 Sep 22 Sep

Wärend onsem Centenaires Joer hunn mir vill an onsen Archiven gekuckt an munch  Saachen erausgekroopt. Summerpaus hunn mir genotzt fir aus all deenen Saachen eng kleng awer flott Ausstellung an engem Supermarché zu Bartreng ze organiséieren. D'Ausstellung iwwert onsen klengen Grupp kënnt dir vum 12.09.2018 un bis den 22.09.2018 besichen kommen. Mir wäerten ons iwwert äre Visitt freeën.


Profitéiert vun der Ausstellung fir Iech mat ons an Kontakt ze setzen, an nach eppes méi iwwert den Scoutismus zu Lëtzebuerg kënnen ze léieren.