Change Edition

Famillientreffen van der Famill Schmit-Hamus

Op Alaadung vam André a Joel Schmit hann sich d'Nokommen am spéiden Hierrest van der Famill Schmit-Hamus am Restaurant A Guddesch zu Biereng bei Miersch getraff. Den André Schmit an d'Hélène Hamus van Houfelt hann sich den 20. Februar 1900 zu Helzen d'Jowuert gien. Aus dësem Besteednis sënn eelef Kanner erfier gangen. Fir déi 65 Nokommen wor d'Freed grouss, nom leste Konveniat viran 15 Joer, sich nees gesond a monter erëm ze gesinn. No engem gudde Mëttigeessen goufen an dem Familienalbum vam Fernand Boever a vam Paul Wolter vill schéin Erënnerungen opgefrëscht. A no der flotter Feier gouf beschloss nek méi sou lang ze warden bis zu engem nexte Famillientreffen.