Change Edition

Éischten automateschen Defibrillator fir Hesper Gemeng

Den Schëffen an Gemengerot haten 2010 décidéiert den Pompjeeën een Semi Automateschen Defibrillator ze kafen, fir um éischten Asaatz Won dëst Equipement dem Bierger am Noutfall zur Verfügung ze stellen.

2011 huet den Schëffen an Gemengerot décidéiert den Centre Sportive Holleschbierg mat dem éischten Ëffentlechen Defibrillator an Betrib ze huelen.

Defibrillatoren sinn bekannt dass si béi engem Häerzinfarkt oder bei engem Häerzkreesslaf Stëllstand en Elektreschen Schock ofginn, sou das den Häerz Muskel defilibreiert gëtt. An iwwer 80%-85% kennen Defilibrateuren wann se direkt agesat ginn liewen retten. Wann des Apparater net direkt agesaat gin an keng Éischt Hëllef geleescht kann ginn ass am Fall vun engem Häerzkreesslaf Stëllstand d'Iwwerliewenschance quasi bei 10% .

Op villen platzen sin se ze fannen, et soll ee keng Angscht virun der Notzung hunn, si fonctionnéieren am selwechten Prinzip an grouss Biller sou wéi eng Automatesch Sproch Féierung mat den eenzelen Schretter déi ze maachen sinn.

Wichteg ass an egalwei enger situation direkt den 112 unzerufen an proffessionel Hëllef rufen.