Change Edition

Jeunesse spent 3 500 Euro fir d'Mierscher Kannerduerf

Grousst Häerz hann di Jugendlich van der Jeunesse Helzen-Houfelt-Weiler dëser Deeg bewisen, andeems sie dem Direkter Régis Thill ee Scheck iwwer 3 500 Euro zugonste vam Mierscher Kannerduerf iwwerreecht hann.

Als Vizepräsident van der Jugend, hatt de Benoît Toutsch, dem Régis Thill kuerz erkläert, datt de Veräin den Erléis van sengem Ëmzug duerch d'Dierfer op Faassmondig all zwee Joer enger sozialer Institutioun zouféiert an dëst Joer d'Mierscher Kannerduerf ënnerstëtze wollt.

De Régis Thill hatt der Jeunesse häerzlich Merci gesot fir dëse noble Geste an hatt dono seng Organisatioun méi no virgestallt. Am Kannerduerf, dat fir seng Aarbicht op Spenden ugewisen ass, stinn Häiser bereet, wou all Kand an enger Famill obwuesse kann.

Et gëlt dem normalen Familljenliewen esou no ewéi nëmmen méiglich ze kommen. Kanner van bis zu aacht Joer kommen hei an eng Famill eran, déi bis maximal fënnef Kanner kann obhuelen an van enger Persoun (Mamm) ronderëm d’Auer betreit ginn, esou ewéi an enger Famill doheem. Si bleiwen hei bis si engt selbststännigt Liewen obgebaut hann. (C.)