Change Edition

80 Joer, e ronne Gebuertsdag.

D'Madamm Regine Winckel-Biewer vun Hiefenech huet dëse Weekend hiren 80ten Gebuertsdag am Krees vu Famill a Frënn gefeiert. D'Regine ass den 27 Januar 1938 zu Igel bei Tréier gebuer ginn, wou se och hir Jugend verbruecht huet. Ob Sylester 1954 huet d'Regine am Hotel Kohl als Zëmmermeedchen ugefaangen ze schaffen. Hei huet Si de Pierre Winckel kennegeléiert deen Si den 9 November 1956 bestuet huet. Aus dem Bestietnes ass 1 Meedchen, 2 Enkelinne a 4 Ur-Enkel erausgaangen. Op der Foto gesäit een d'Regine am Krees vun hiren Ur-Enkel. Vun dëser Platz aus all Guddes gewënscht a nach vill schéi Joeren derbäi.