Change Edition

Visite vun der Abtei Neumünster

Den 27. Mee waren d’Fraen a Mammen Leideleng an d’Staadt fir eng Visite guidée vun der Abtei Neimünster. Déi 16 Damen, déi sech sech fir dëss Sortie interesséiert haten, waren ganz begeeschtert vun dem wonnerbar renovéierten Site an vun den Explikatiounen vun der Guidin.
Den flotten Nomëtteg hun se dunn mat engem gemittlichen Nuechtiessen am Restaurant Roma ofgeschloss.
Den nexten Rendez-vous ass den 20. August fir een gutt gefëllten Dagesausfluch op Nanzeg.