Change Edition

Nuit du Sport Groussbus-Wal 2022

Di éischt gemeinsam Editioun vun der Nuit du Sport 2022 vun de Gemenge Groussbus a Wal war e vollen Succès. Bei héich summerlechen Temperaturen hu vill Sportferventen aus béid Gemenge vun der Geleeënheet profitéiert di eng oder aner Sportaart auszeprobéieren an dobäi vläicht op de Goût ze kommen. Zum Ofschloss hunn sech Gemengevertrieder an d'Jugend een haart ëmkämpften Duell am Vëlkerball geliwwert iert de Claude Geisen fir gutt Stëmmung bis spéit an d'Nuecht gesuergt huet. (Fotoen: Mireille Gereke)