Change Edition

Neijoerschs-Réceptioun Gemeng Groussbus

Beim traditionellen Neijoerschpatt vun der Gemeng Groussbus war et dem Schäffen- a Gemengerot eng grouss Éier e Cheque vun 3.864,42 € un d'ONG "Komm Hëllef mat Préizerdaul" z'iwwerreechen. Et ass dëst den Erléis vun de Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag an der Niklosfeier vun der lokaler Kulturkommissioun.