Change Edition

"Kinnek Ubu" op der Fräiliichtbün zu Groussbus

Zu Groussbus dréint sech am Juli 2022, wéi reegelméisseg zënter 1993, erëm alles ëm den Theater. De Schankemännchen invitéiert op säi 15. grousse Fräiliichtspektakel. De Jemp Schuster huet den UBU ROI, vum franséischen Auteur Alfred Jarry, op Lëtzebuergesch iwwersat a fir d’Fräiliichtbün adaptéiert.

De Schankemännchen hat scho virun engem Joer ugesat, fir den UBU opzeféieren, als Jugendtheater mat eise Meedercher a Jongen. De Virus war dergéint. Schonn deemools louch dat Stéck der Busser Ekipp um Häerz, well iwwerall op der Welt déi nei UBUEN aus de Lächer gekroch sinn. An Amerika, a Brasilien a China oder an der Tiirkei. Et sollt nach schlëmmer kommen...
Gespillt gëtt vum 21. bis 30. Juli 2022 am Prommenhaff.

Reservatioun um tel 671 222 224

www.schankemaennchen.lu