Change Edition

Grouss Botz zu Groussbus

Vill fläisseg Hänn hunn op engem sonnege Samschde Moien zu Groussbus an zu Dellen den Dréck laascht Stroossen a Plaze gebotzt. De Buergermeeschter Pol Engel huet deenen äifrege Sammler Merci gesot fir hiren Asatz fir eng propper Emwelt, iert d'Chorale Sainte Hubert vun Dellen fir e Pättchen an e gudde Maufel gesuergt huet.