Change Edition

Gemeinsam Erënnerungsfeier zu Groussbus a Wal

Am Kader vun der geplangter Fusioun hunn d'Gemenge Groussbus a Wal dëst Joer hire Commemoratiounsdag zesumme begann. No der Houmass si Blumme beim Denkmal zu Wal néier gelooss ginn, iert béid Gemengeréit un di Gefalen aus de Joren 1940-1945 beim Monument aux Morts nieft der Kierch zu Groussbus geduecht hunn. Di zwee Buergermeeschteren hunn an hire respektive Rieden un d'Leed an un d'Schicksal vun deene sëllegen Affer aus dëser däischterer Zäit erënnert, an awer och ënnerstrach wéi wichteg et ass, dat och kommend Generatiounen eng gewëssen Erënnerungskultur oprecht erhalen. Nom offiziellen Deel gouf een Éierewäin am Parsall zu Groussbus zerwéiert. Ugefaangen hat dëse Commemoratiounsdag schonn um Virowend mat enger Präsentatioun vun de "Frënn vu Patrimoine an Traditioun" zu Wal am Veräinssall iwwert d'Moorlageren aus dem Emsland, respektiv iwwer Sonnenburg a Leubus, wou vill Lëtzebuerger am Krich ëmgesidelt gi waren.