Change Edition

Europawalen zu Groussbus

Um Walsonndeg hat d'Jeunesse Groussbus scho fréi moies all Wieler op de Kaffi mat Croissant invitéiert. Vill Leit hunn vun der Geleeënheet profitéiert sech mat engem gudde Maufel ze stäerken iert et an d'Walkabinn gaangen ass. Méi spéit am Dag ass e richtege Staminee draus ginn, wou di Groussbusser Wieler a gemittlecher Ronn hire Pättche gedronk hunn, woubäi d'Walgeschäft scho bal an den Hannergrond geréckelt ass.