Change Edition

De Kleeschen kéint op Groussbus

Traditionell ass de Kleesche vun de Gemengeverantwortlechen zesumme mat der Musek an de Pompjeeën zu Groussbus empfaange ginn. Duerno ass et am Cortège an de Festsall gaang, wou den helliche Mann fir all Kand eng Tiitche parat hat. D'Kulturkommissioun huet fir dat leiflecht Wuel vu grouss a kléng gesuergt; dat ganzt fir e gudden Zweck.