Change Edition

Bicherbox zu Groussbus

Dëser Deeg hunn d’Arbechter vum techneschen Déngscht vun der Gemeng Groussbus di flott Telefonskabinn nieft d’Bushaische virum Paschtoueschhaus montéiert. Dëst koum zustanen op Initiativ vun der Kultur- Jugend- a Sportskommissioun vun der Gemeng Groussbus. Wéi bis eng Kabinn bei der Post opgedriwwe war, ass et lass gaangen am Atelier vun der Gemeng, wou d'Jongen dee ganzen Interieur demontéiert an se nei ageriicht hunn. D‘Christiane Schmalen konnt schliesslech säi kënschtlerescht Talent esou richteg ënner Beweis stellen, a mat senge faarwege Fantasiefiguren der Bicherbox dee néidege Charme verpassen. Mëttlerweil hunn d'Kommissiouns-memberen d’Kabinn och scho gutt gefëllt mat Bicher aus alle Beräicher, an déi éischt positiv Echoen deiten op e grousse Succès hin.