Change Edition

14. Fräiliichtspektakel zu Groussbuss

18
Jul
2019
18 Jul 19 Jul 20 Jul 23 Jul 24 Jul 25 Jul 26 Jul 27 Jul

Den 13. Januar 1911 ass am Lessingtheater zu Berlin dem GERHART HAUPTMANN säin tragikomescht Stéck „Die Ratten“ fir d’éischt opgefouert ginn. Et spillt an enger vun deene ville „Mietskasären“ déi et deemools an alle grousse Stied gouf. D’Protagoniste kommen aus der ënneschter Bevëlkerungsschicht. Et geet ëm kierperlech a séilesch Ofhängegkeeten, ëm Klengkriminalitéit, ëm Aarmut an ëm falsch Dreem.

De JEMP SCHUSTER huet dat iwwer 100 Joer aalt Stéck auserneegeholl, iwwersat, an et op Lëtzebuerg an d‘Joer 2019 verplanzt. Och haut an hei ginn et nach ëmmer Leit, déi wéi Raten an hire Lächer hausen, an déi näischt vum Wuelstand an deem räichste Land vun der Welt matkréien. Awer d‘Rate kënne sech un all Situatioun upassen, se ginn och dann nach eens, wann de Mënsch scho laang kapituléiert huet.

RATEN ass e Stéck vun haut mat Leit vun hei. Och wann et en aktuellt a brisant Thema behandelt, sou ass et awer keng Tragedie. Et bleift tragikomesch, wéi beim Hauptmann. Schonn eleng deenen eenzelne „kromme“ Personnagen nozekucken, wéi se probéieren, dat Bescht aus all Situatioun ze maachen, ass e Spaass fir sech.


Gespillt gëtt vum 18.-20. Juli a vum 23.-27. Juli am Prommenhaff zu Groussbus

Ufank: 21.00 Auer

Reservatioun um tel 671 222 224

www.schankemaennchen.lu


(Fotoen: Mireille Gereke-Pletschette)