Change Edition

„Rhäifränsch“ mat neiem Kaméidisstéck

Viru kuerzem hat de Musekstheaterveräin Rhäifränsch op seng néngt Generalversammlung invitéiert.

De President Luc Santer konnt eng sëlleche Membere souwéi d’Gemengevertrieder Monique Hermes, Liane Felten, Tess Burton, Aly Gary, Marc Schiltz a Claude Wagner begréissen. Hien huet de Memberen, de Frënn vum Veräin a besonnesch der Gemengeverwaltung merci gesot fir hir Ennerstëtzung am Laf vum Joer.

De Sekretär Yves Mersch huet dunn op en aktivitéitsräicht Joer zréckgebléckt mat ënner anerëm Poutty-Stein-Concerten zu Biissen, Dikrech a Gréiwemaacher an enger Veräinsrees op Interlaken (CH), wou d‘Memberen sech d’Wilhelm-Tell-Spiele op der gréisster Fräiliichtbühn vun der Schwäiz konnten ukucken. Deemno heescht och dat neit Koméidisstéck, dat fir den Oktober 2013 geplangt ass, „Mir sinn Tell!“ (Text a Regie si vum Jemp Schuster, Musik vum Georges Urwald) D’Première ass de 4. Oktober 2013. Gespillt gëtt eelefmol all Kéier zu Maacher am Veräinshaus.

De Musekstheaterveräin Rhäifränsch zielt 34 aktiv Memberen. Nei am Comité sinn d’Christiane Feinen an de Joa Baum. Net méi dobäi ass d’Marga Sertznig. Deemno setzt sech de Comité zesummen aus folgende Leit: Luc Santer (President), Georges Urwald (Vizepresident), Yves Mersch (Sekretär), Georges Feltes (Keessier), Germaine Begma, Christiane Feinen, Joa Baum, Luss Durel, Thierry Konsbrück, Marc Schiltz a Jean-Pierre Urwald, Membren.

D’Kulturschäffin Monique Hermes huet ofschléissend ënnerstrach, datt de Musekstheaterveräin Rhäifränsch net nëmmen eng Beräicherung fir Gréiwemaacher, mä fir d’ganz Land ass. (C.)

More news by Musekstheaterveräin Rhäifränsch asbl >