Change Edition

Grouss Auszeechnung fir d'Muselfénkelcher bäim nationalen UGDA-Concours

De Kannerchouer an de Jugendchouer Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher hu sech gëschter am Centre culturel "An der Eech" zu Leideleng bäim nationalen UGDA-Concours fir Chouergesang dem kriteschen Ouer vum internationale Jury gestallt. An d'Resultat léisst sech weisen:fir d'éischt hunn déi Kleng mat vill Geschéck hire Morceau imposé an eng Auswiel vu flotte Melodien aus hirem Programm presentéiert a sinn dofir an hirer Kategorie mat engem Premier prix (71 Punkte vun 100) belount ginn. An och déi Grouss konnten e fantastescht Resultat mat Heem huelen. Mat grousser Präzisioun a Variatioun an hirem Programm konnten si de Jury iwwerzeegen a kruten als eenzege Chouer e Premier prix avec grande distinction (93 vun 100 Punkten). Déi zwee Chéier stunge wéi ëmmer ënnert der perfekter Leedung vum Adely Urwald-Krier a goufen um Piano begleet vum Georges Urwald.
Natierlech war d'Freed grouss bäi de Muselfénkelcher, déi deen Dag e ganz chargéierte Programm haten. Sou huet de Jugendchouer och nach owes an der Maacher Dekanatskierch zesumme mam hollänesche Reeschouer "Holland zingt" e flotten an impressionante Concert ginn. Mä duerno ass op enger gemittlecher Réceptioun an der Maacher Kellerei nach sou richteg gefeiert ginn. Well ëmmerhinn hunn d'Muselfénkelcher gëschter gläich zwou Coupe mat op Maacher bruecht!