Change Edition

"Fêtons la Musique" mat de Muselfénkelcher


Vill Leit hate viru kuerzem de Wee an d'Maacher Dekanatskierch fonnt, wou de Kanner- a Jugenchouer Muselfénkelcher am Kader vun der Fête de la Musique e flotte Concert zum Beschte ginn hunn. Ennert der Leedung vum Nathalie Laurent a begleet um Piano vum Christian Crutarciuc hunn si e flotten an ofwiesslungsräiche Programm présentéiert, dee groussen Uklang bäi den Nolauschterer fonnt huet.