Change Edition

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Monique Hermes

Déi nächst CSV-Kandidatin déi ech Iech virstellen ass d'Monique Hermes, pensionéiert Maacher Léierin :

Mäin Numm ass Monique Hermes. Ech hunn 61 Joer a liewen zënter 1971 zu Gréiwemaacher – elo als pensionéiert Léierin. A menger Carrière hunn ech vill Maacher Kanner däerfen op hirem Wee an d’Liewe begleeden, wat mer Freed gemaach huet.

Vun Ufank un hunn ech mech net nëmme fir d’Schoul, mä och fir Maacher a fir seng Awunner intresséiert. Ech si scho laang am Veräinsliewen, an der Par an och an der CSV engagéiert.

Ganz besonnesch d’Geschicht vun eiser schéiner Muselstiedchen huet mer et ugedo. Als Korrespondentin vum Wort, als Member vum Kulturgrupp vun der Gemeng, am „Syndicat d’Initiative“ oder bei der Ligue „Ons Jongen“, konnt ech scho vill Bäiträg iwwer Maacher schreiwen.

Ganz houfrech sinn ech, datt ech 1992 Lëtzebuerger Laureatin vum „Prix Femmes d’Europe“ war, an datt mer nach aner europäesch Auszeechnungen zouerkannt goufen.

Och an Zukunft wäert ech mengen Engagementer trei bleiwen a mech fir d’Awunner a fir d’Kultur asetzen an där Museluertschaft, déi mäin Doheem ass.