Change Edition

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Liane Felten

Haut stellen ech Iech eis Kandidatin Liane Felten vir, dat aktuell d'CSV zu Maacher am Gemengerot vertrëtt:

Liane Felten ass mäin Numm, 44 Joer, Mamm vun engem Meedchen. Ech schaffen op der Kannergeldkeess. Zënter 2005 sinn ech am Gemeenerot, wou ech mech fir d’Wuel vun éise Bierger asetzen.

Fir mech steet den Bierger vun éiser Gemeen am Mëttelpunkt, sief dat Kanner, jonk Leit, Leit déi am volle Beruffsliewe stinn oder am Rentenalter sinn. Eis Kanner a Jugendlech ginn oft net eescht geholl an et gëtt hinnen net genuch Gehéier geschenkt. Fir si wëll ech mech besonnesch ansetzen an hinnen an hirer Famill d’Mëttelen zoukomme loossen, déi si brauchen, fir sech beschtens zu enger Perséinlechkeet ze entwéckelen.

Kanner- a familljegerecht Infrastrukture sollen ausgebaut oder nei geschafe ginn. Is Kanner sinn d’Zukunft vun éiser Gemeng an éisem Land.

Sozial a lieweg soll éis Stad Maacher sinn an op éiser Musel en Numm hunn. All éis Bierger solle gären um alldeeglechen, kulturellen a sportleche Liewen deel huelen. Dofir wäert ech Liane Felten, mech asetzen.