Change Edition

D'Kandidate vun der CSV presentéiere sech: Léon Gloden

An de kommenden Deeg a Wochen presentéiere ech op dëser Plaz an op http://grevenmacher.csv.lu eis Kandidate fir d’Gemengewahlen am Detail.

Ugefaange mat eisem Spëtzekandidat:



Mäin Numm ass Léon Gloden. Ech sinn 38 Joer jonk, bestuet a Papp vun 2 Kanner. Vu Beruff sinn ech Affekot.

Am Oktober 1999 hunn déi Maacher mech an de Gemengerot gewielt. Zënter zéng Joer setzen ech mech also fir is Gemeng an hir Bierger an. Ech weess wat fir eng Ufuerderungen d’Bierger un eng modern Gemeng stellen.

Zënter dem Juli 2009 hunn ech och als Deputéierten d’Méiglechkeet, fir mat Nodrock ënner anerem d’Intressi vun der Muselmetropol Gréiwemaacher bei den Autoritéiten ze vertrieden an ech maachen dat.

Duerch mäi Beruff als Affekot sinn ech gewinnt, Problemer an Erausfuerderungen z‘erkennen, unzepaken, no enger Léisung ze sichen an déi ëmzesetzen.

Als President vum Comité des Fêtes engagéieren ech mech scho laang – zesumme mat mengem Comité an de Maacher Veräiner – fir all Joer dat bekannt a beléift Maacher Drauwen – a Wäifest ze organiséieren, bei deem is eenzegaarteg Kultur an déi vill geschätzt Miseler Liewensfreed am Mëttelpunkt stinn.